Bastel dir däin Instrument! (NIEDERANVEN)

Hues du Loscht däin eegent Museksinstrument ze bastelen? Eppes fir dran ze blosen, drop ze klappen oder ze zupfen, alles ass méiglech an du däerfs et esou gestalte wéi et dir gefällt. Op gréng oder blo, op Këscht oder Rouer, du kanns selwer entscheede wéi däin Instrument herno ausgesäit a kléngt. Wanns du tëschent 6-9 Joer hues, da mell dech un a verbréng ee otte Nomëtteg mat anere Kanner a bastel dir een Instrument.
D'Monique Kellen huet ee Master an der Musekspädagogik an der Schwäiz gemaach a gëtt Coursen am Conservatoire du Nord, zu Péiteng a bei der UGDA r den déiwe Blech a musikalesch Fréierzéiung.

(Article provenant de Plurio.net)
Kulturhaus Niederanven (Luxembourg, Centre / Zentrum, NIEDERANVEN)
14:00 - 16:30
http://www.plurio.net/5/outputlang,fr/eid,849171/agenda.html
  • Letzte Änderung dieser Seite am 14-02-2018